De Klenge Casino

Sech fille wéi doheem

Den Aparthotel De Klenge Casino erwaart Iech onmëttelbar am Zentrum vun Déifferdeng.

Eise Gäscht stinn 11 hell a modern Superior-Zëmmer mat groussem Duebelbett (queensize), Living-Beräich, Kitchenette a Buedzëmmer zur Verfügung souwéi 2 grouss Suitte mat Büro a Bidden.

De Klenge Casino ass en ***-Superior-Hotel.

Bei eis gëtt net gefëmmt.

Mir schwätzen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Spuenesch, Italienesch, Flamännesch, Arabesch a Rumänesch.

Eise Restaurant ass fir jiddereen op. Hei zerwéiere mer Iech de Moieskaffi, Mëtteg- an Owesiessen. Iwwer den Nomëtteg bleift de Restaurant op a bitt Iech Kaffi a Snacken un.

» Gitt méi iwwert eist eenzegaartegt Konzept gewuer.

 

Entdeckt eis Zëmmer