Déifferdeng

Entdeckt d'Stad

D’Stad Déifferdeng ass staark vun der Stolindustrie gepräägt, net fir näischt ass se als Cité du fer bekannt. Déifferdeng huet sech awer an Tëschenzäit zu enger moderner a multikultureller Stad gewandelt, déi vu wonnerschéine Bëscher ëmginn ass a Visiteure vill ze bidden huet: Natur, Konscht a Kultur, Musek, Gastronomie, Fräizäitaktivitéiten, Shopping, Ablécker an d’Vergaangenheet ...

Spiert d'Natur

Dräi schéin amenagéiert Parke leien an onmëttelbarer Géigend vun eisem Hotel: de Park Gerlache, de Park Edmond Dune an de Chierspark. Hei kënnt Dir ë. a. spadséieren, liesen, Sport maachen a spillen. D’Blummenauer an der Entrée vum Parc Gerlache ass eent vun den Aushängeschëlder vun Déifferdeng a feiert 2018 hir 85 Joer – beléift bei den Awunner an e Muss fir Visiteuren.

Entdeckt ze Fouss oder mam Vëlo/Mountainbike den historesche Site Tëtelbierg, d’Naturschutzgebitt Giele Botter an eis vill Trëppelweeër.

Besicht d'Attraktiounen

Haaptattraktiounen aus der Géigend si Lasauvage, de Fond-de-Gras an de Minettpark mam Train 1900 an der Minièresbunn – Sitten, déi Natur an industriell Vergaangenheet verbannen.

Och eise Creative Hub 1535° an de fréieren Hale vun ArcelorMittal ass e Besuch wäert.

Weider Attraktiounen

Erlieft d'Kultur

Den Agenda vum Déifferdenger Kulturzentrum Aalt Stadhaus an de weidere kulturellen Ariichtungen presentéiert d’ganzt Joer iwwer déi verschiddenst Events.

Grouss Events zu Déifferdeng:

Kultur an der Regioun

Schmaacht d'Gastronomie

Zu Déifferdeng selwer fannt Der eng grouss Zuel un ofwiesslungsräiche Restauranten, déi ouni Problem ze Fouss ze erreeche sinn. Och d’Regioun hält e puer Leckerbësse fir Iech bereet.

Genéisst de Shopping

Vill a villfälteg Geschäfter fannt Dir direkt am Zentrum vun Déifferdeng. Am Hierscht 2017 mécht och den neien Akafszenter Opkorn seng Dieren op.

Weider Méiglechkeeten gëtt et an der Regioun

Verbréngt Är Fräizäit

méi erliewen