Konzept

Eist Konzept

De Klenge Casino ass net nëmmen eent vun de schéinste Bauwierker vun Déifferdeng, mä och e wichtegt Gebai an der Déifferdenger Geschicht. Laang Zäit war et en Treffpunkt vun der HADIR, eng Plaz fir d’Elite an d’Schmelzhäre vun der Stad, wou déi sozial Jugend kee Fouss konnt erasetzen. Dëst huet sech am Laf vun der Zäit geännert, an de Casino ass méi populär ginn.

Nodeem den Hotel renovéiert gouf, huet en Ufank 2017 op en Neits seng Dieren opgemaach, an de soziale Charakter ass haut e ganz wichtegen Aspekt vum Klenge Casino.

Den Office social vun der Gemeng Déifferdeng, deen De Klenge Casino leet, wëll mat dësem Hotel-Restaurant engersäits d’Maartplaz vun Déifferdeng nei beliewen an zu engem Treffpunkt fir Awunner a Visiteure maachen.

Fir eis Gäscht bedeit dëst Konzept keen Ënnerscheed – eist qualifizéiert Personal, eis héichwäerteg Kichen an eisen impeccabele Service suergen dofir, datt Dir Iech bei eis absolutt wuelfillt.

Mir freeën eis, Iech bei eis ze empfänken.

 

Entdeckt eis Zëmmer